Image
Loading
Don

Biisser Rouchi-Frënn asbl Mir stellen eis vir

Zenter dem leschte Joer gëtt et d‘Biisser Rouchi-Frenn asbl. Hir Grënnungsmembere Jos Schummer (President), Carlo Mulbach (Sekretär), Mike Graas (Tresorier), Claudine Kasel-Depiesse, Georges Schmitgen, Katarina Strajtova, Claude Winkin, zesumme mam Paschtouer Joël Santer, wëllen sech engagéiert dofir asetzen, datt dëst Versprieche vun eise Biisser Virfaren net vergiess gëtt.

Och setzen si sech an, datt d‘Kapell ënnerhale ka ginn, well d‘Gesetz verbitt der Biisser Gemeng, d‘Kapell finanziell op engem direkte Wee se ënnerstëtzen. An dësem Kontext entschëllege mir eis fir de Feeler an der Kontosnummer op eisem Flyer vum leschte Joer, deen duerch e Mëssverständnes mat enger Bank entstanen ass. Dofir hu mir elo e Kont bei der Spuerkeess opgemeet an och schonns „getest“. Fir och an Zukunft d’Wobiergkapell an Éieren ze halen, maache mir dofir nees ee waarmen Appell un Iech fir Member vun dësem Veräin ze ginn.

Rouchidag

De 17. August 1854 ass d’Cholera zu Biissen ausgebrach. Vu Mëtt August bis Ufank Oktober sinn 270 Awunner krank ginn, ongeféier 70 vun hinne sinn un der Kränkt gestuerwen.

An dëser batterer Zäit hunn d’Awunner sech un hir Kapell um Wobierg erënnert, déi an der Peschtepidemie am Joer 1636 gebaut gouf an am Joer 1770 vun der Biisser Duerfgemeinschaft an hirer haiteger Form nei opgeriicht gouf. D’Kapell gouf dem Hellege Kräiz an der Schmäerzensmamm, der Mater Dolorosa, geweiht. Während der franséischer Revolutioun gouf dës Kapell entweiht.

Den 18. September 1854 gouf mat der Restauratioun ugefaangen an no véierzeng Deeg waren d’Aarbechte fäerdeg. Den 3. Oktober 1854 gouf an enger feierlecher Prëssessioun d’Statu vun der Mater Dolorosa (déi virdrun an der Kapell um Kierfecht stoung) op de Wobierg bruecht an d’Kapell gouf vum deemolege Provikar a spéideren éischte Bëschof vu Lëtzebuerg, dem Mgr. Nikolaus Adames, ageseent. D’Statu vun der Mater Dolorosa gouf nees op hirer aler Plaz, an enger Nisch iwwert der Entrée vun der Kapell, opgestallt an déi Biisser hu versprach, datt, wann hirt Duerf vun däer schrecklecher Kränkt verschount bléif, si, all Joers, den 3. Oktober, an enger feierlecher Bittprëssessioun op de Wobierg géife pilgeren.

  • Nächste Rouchidag ass de 3 Oktober 2024

MERCI FIR ÄREN DON

Biisser Rouchi-Frënn asbl

BCEE: LU05-0019-7355-5584-9000

BIC: BCEELULL